Branchen

Bei de Guiden a Scoute schaffe mir mat verschidden Alterskategorien, och Branchen genannt. Fir all Branche gëtt et eng Ekipp vu Cheffen déi d’Kanner begleeden an sech dorëms këmmeren, dass déi eenzel Aktivitéite gutt oflafen.

Am Normalfall trëfft sech eng Branche 1 mol an der Woch fir eng Versammlung vun +-1.5 Stonn ofzehalen. E Guide- a Scoutsjoer gëtt da mat engem Camp an der Branche ofgeschloss. Et ginn awer och Aktivitéite bei deenen e puer oder souguer all Branche matmaachen.

D‘Biber sinn eng flott a lieweg Grupp vu Kanner tëscht 6 a 8 Joer, déi zesumme spannend Abenteuer erliewen. An eiser grousser Biberfamill léiere mir net nëmmen nei Frënn kennen, mee och wéi een zesummelieft, sech géigesäiteg hëlleft a mat Respekt géintiwwer aneren an der Natur handelt. D’Versammlunge fannen dacks dobausse statt, wou d’Kanner hir Ëmgéigend entdecken, spillen a hir Kreativitéit stäerken. Duerch d’Bibermethod mat Geschichten, Kniwwelen an Aktivitéite ginn hir Talenter gefërdert an si entwéckelen eng positiv Astellung zum Liewen.

D’Versammlungen si Samschdes vun 11 bis 12 Auer am Guiden– a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.

D’Wëllefcher sinn déi zweet jéngste Branche bei de Guiden a Scouten a riichten sech un d’Kanner zwëschent 8 an 11 Joer. D’Grondiddi vun dëser Branche baséiert op dem Dschungelbuch: Genau wéi de Mowgli, maachen sech d’Wëllefcher zesumme mat hirem Ruddel op d’Rees fir nei Erfarungen ze sammelen. Esou léieren si wärend de verschiddenen Versammlungen a Sortie’en d’Natur besser kennen, léiere praktesch Aufgabe wéi Kachen, Bastelen oder Schnëtzen, an si hunn och d’Méiglechkeet kreativ ze sinn, am Grupp zesummen ze schaffen a vill a Beweegung ze sinn. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp, wou d’Wëllefcher e puer Nuechten an engem Chalet iwwernuechten a vill flott Erënnerunge sammelen.

D’Versammlungen si Samschdes vun 10 bis 11 Auer am Guiden- a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.

D‘AvEx si Jonker vun 11 bis 14 Joer, déi duerch Abenteuer an Erfuerschung hier Ëmwelt besser kenne léieren. An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewéi méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljärleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

D’Versammlungen si Freides vun 18 bis 19:30 Auer am Guiden- a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.

D’CaraPio sinn am Alter vu 14 bis 17 Joer, wou den Drang no Eegestännegkeet zouhëlt. Dofir gëtt ganz vill Wäert op Matbestëmmung geluecht, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Bei de CaraPio geet et drëm, eng eegen Astellung zum Liewen ze fannen. Gesetzer déi d’Zesummeliewe reegelen ze respektéieren, seng Platz a säi Wee an der Gemeinschaft ze sichen a Responsabilitéit fir si ze iwwerhuelen. Den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.

D’Versammlungen si Freides vun 19:30 bis 21 Auer am Guiden- a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.