D’Versammlungen fir d’CaraPio si Freides vun 19:30 bis 21 Auer am Guiden– a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.
Ween sinn d’CaraPio a wat maachen se?
CaraPio, wat d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier ass, si Jugendlecher tëscht 14 a 17 Joer, wou den Drang no Eegestännegleet zouhëllt. Dofir gëtt ganz vill Wäert op Matbestëmmung geluecht, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn.
Bei de CaraPio geet et drëm, eng eegen Astellung zum Liewen ze fannen. Gesetzer déi d’Zesummeliewe reegelen ze respektéieren, seng Platz a säi Wee an der Gemeinschaft ze sichen a Responsabilitéit fir si ze iwwerhuelen.
Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewéi méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljärleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.
Den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt. Si liewen um Camp an Zelter, si kachen zesummen um Feier, um Hike geet de Wee mat Kaart a Kompass gesicht, owes gëtt beim Lagerfeier gelaacht a gespillt, … Um Camp ass keen Dag wéi deen aneren an et ginn nei Frëndschafte geschloss.