
Ween sinn d’Frënn vun den Zéissenger Guiden a Scouten?
- D’Asbl Frënn vun den Zéissenger Guiden a Scouten ass gegrënnt ginn den 11. Abrëll 2024. Si ass entstanen aus der Amicale vun de Fréiere Guiden a Scouten vun Zéisseng.
- An eiser Asbl si, wéi et den Numm scho seet, Leit, déi Frënn vun den Zéissenger Guiden a Scouten sinn. Et sinn ënner anerem fréier Zéissenger Guiden a Scouten an Eltere vun aktive Guiden a Scouten.
- D’Ziler vun de Frënn vun den Zéissenger Guiden a Scouten sinn haaptsächlech d’Zéissenger Guiden a Scouten z’ënnerstëtzen esouwuel an dem mir hinne bei Aktivitéiten eng Hand mat upake wéi och andeems mir se finanziell ënnerstëtzen.
- Mir organiséieren och vun Zäit zu Zäit Aktivitéite fir d’Membere vun de Frënn vun den Zéissenger Guiden a Scouten
Kontaktadress: frennzgs@gmail.com