D’Versammlungen fir d’Wëllefcher si Samschdes vun 10 bis 11 Auer am Guiden– a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.
Ween sinn d’Wëllefcher a wat maachen se?
D‘Wëllefcher sinn déi zweet jéngste Branche bei de Guiden a Scouten, wou d’Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joer d’Freed um Entdecken an Erfuersche kréien. Mat vill Spill, Spaass a Frëndschaft léiere si net nëmmen d’Natur kennen, mee entwéckelen och wichteg Wäerter wéi Teamgeescht, Verantwortung an Hëllefsbereetschaft.
D’Grondiddi vun dëser Scoutsbranche baséiert op der Geschicht vum „Dschungelbuch“: Genau wéi de Mowgli, maache sech d’Wëllefcher zesumme mat hirem Ruddel op d’Rees fir nei Erfarungen ze sammelen. Esou léiere si wärend de verschiddenen Versammlungen a Sortie’en d’Natur besser kennen, léiere praktesch Aufgabe wéi Kachen, Bastelen oder Schnëtzen an si hunn och d’Méiglechkeet kreativ ze sinn, am Grupp zesumme ze schaffen a vill a Beweegung ze sinn. Esou léieren si sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen an nei Fäegkeeten ze entwéckelen. D’Wëllefcher-Methode erméiglecht de Kanner op spilleresch an intuitiv Manéier ze léieren an ze wuesse. Si ginn op hirer Rees begleet vun hiren Chefs, déi si mat Freed a Begeeschterung an dëser spannender Zäit ënnerstëtzen
All Woch gi spannend Versammlungen organiséiert, déi souwuel dobannen wéi dobaussen stattfannen. D’Kanner erliewen Abenteuer an der Natur, léieren handwierklech Fäegkeeten a ginn un d’Scoutswäerter erugefouert. Sortien, Rallyen a Weekender suergen dofir, datt si och ausserhalb vun der Versammlung nei Perspektiven entdecken. Ee besonnesche Moment am Joer ass virun allem de Summercamp, wou d’Wëllefcher e puer Nuechten an engem flotte Chalet verbréngen an onvergiesslech Erënnerunge sammelen.