D’Versammlungen fir d’Biber si Samschdes vun 11 bis 12 Auer am Guiden– a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.
Ween sinn d’Biber a wat maachen se?
D‘Biber sinn eng flott a lieweg Grupp vu Kanner tëscht 6 an 8 Joer, déi zesumme spannend Abenteuer erliewen. An eiser grousser Biberfamill léiere mir net nëmmen nei Frënn kennen, mee och wéi een zesummelieft, sech géigesäiteg hëlleft a mat Respekt géintiwwer aneren an der Natur handelt. Mir wëllen d’Kanner fir d’Welt, an där mir alleguer zesummeliewen, begeeschteren an hinnen d’Wichtegkeet vun Zesummenhalt a Respekt vermëttelen.
Eis Versammlunge fannen dacks dobausse statt, wou d’Biber hir Ëmgéigend entdecken a mat Freed a Begeeschterung um Spill deelhuelen. Duerch aktiv a spilleresch Erfarunge léieren si d’Natur op eng experimentell Manéier kennen an entwéckelen dobäi hir eege Fäegkeeten. Kreativitéit spillt eng grouss Roll: duerch d’Kniwwele kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, hir Talenter z’entdecken a mat verschiddene Materialien ze schaffen.
D’Versammlung fänke mat enger klenger Geschicht un, déi d’Kanner an en neit Thema aféiert. Duerch praktesch Aktivitéiten an d’Kniwwel kënne si sech kreativ ausliewen, wärend d’Spiller hinnen erlaben, sech mat hirer Ëmwelt auserneenzesetzen an Erfarungen ze sammelen, déi si och an hirem spéidere Liewen notze kënnen.
An der Biberfamill steet och d’Zesummeliewen am Mëttelpunkt. Zesumme mat hire Frënn erliewen si Momenter vu Freed a léieren, bei deenen se entdecken, dass jidderee verschidden ass, mee dass mir alleguer zesummen eng staark Gemeinschaft bilden. Si entwéckelen eng positiv Astellung zum Liewen a verstinn, wéi wichteg et ass, openeen opzepassen a sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen.
D’Cheffen organiséieren a leeden dës Aktivitéiten, lauschteren awer och op d’Wënsch vun de Kanner a schafen esou en Ëmfeld, an deem sech all Biber wuel a respektéiert fillt.
D’Biber sinn also méi wéi just eng Grupp vu Kanner – si sinn eng Famill, déi zesummen d’Welt entdeckt, léiert an zesumme wiisst!