D’Versammlungen fir d’AvEx si Freides vun 18 bis 19:30 Auer am Guiden– a Scoutssall ausser an de Schoulvakanzen.
Ween sinn d’AvEx a wat maachen se?
Bei den AvEx, der Branche fir Jugendlecher tëschent 11 a 14 Joer, steet d’Entdecken an Erliewe vun neien Abenteuer am Mëttelpunkt. Den Numm seet et schonn: „Av“ steet fir Aventuren, „Ex“ fir Explorer – a genee dat erwaart déi Jonk an dëser spannender Zäit. Mat Spaass, Teamgeescht an dem Prinzip learning by doing léieren si wichteg Wäerter, Scoutstechniken an entwéckelen hir Selbststännegkeet.
An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Si kréien d’Méiglechkeet hier Meenungen an Iddie bei deene verschiddensten Aufgaben an Aktiounen ze äusseren, eegestänneg ze handelen a Saachen auszeprobéieren. Genau sou sollen si hirt Wëssen an hir Talenter kënne mat an den Aktivitéiten abréngen.
An den AvEx léiert een eng ganz Rei Scoutstechniken kennen, wéi zum Beispill Holz a Feier maachen, Kniet a Konstruktioune bauen, Kaarte liesen, kachen oder sech an Theme wéi Natur an Nohaltegkeet verdéiwen. De gréissten Deel vun dësen Technike léieren d’Kanner an den AvEx duerch “Learning by doing” (léieren duerch maachen), hei iwwerhuelen si eng aktiv Roll beim Léieren. Esou weise mir den AvEx net einfach wéi een eppes mécht, mee si léieren et gréisstendeels andeems si et selwer maachen. D’Chefs stinn hinnen heibäi awer natierlech zur Säit.
D’Avex treffen sech reegelméisseg, e mol an der Woch fir eng Versammlung ze maachen. Bei den AvEx ginn et Expeditiounen, déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Theme wéi z.B.: Natur, Ritter, Fuesend, … Beim Festleeë vum Thema vun der Expeditioun bestëmmen d’AvEx mat. Mee mir maachen och vill aner flott Aktivitéiten, dorënner: Sortien, Weekender, Spillnomëtteger, d’Montée fir eis nei Memberen anzeweien, a villes méi. Dobäi duerf Spaass a Spill natierlech net feelen.
Den Highlight ass de Summercamp, wou d’AvEx sech austobe kennen an alles ausprobéiere wat se am Joer geléiert hunn: Si liewen a schlofen um Camp an Zelter, si kachen zesummen um Feier op der Kichen, déi si selwer opbauen, um Hike geet de Wee mat Kaart a Kompass gesicht, owes gett beim Lagerfeier gelaacht a gespillt, … Um Camp ass keen Dag wéi deen aneren a jidderee kann eppes bäiléieren, sech entwéckelen a virun allem vill Spaass hunn.